2. Regionalforum zu Mäertert

De 4. Oktober huet d’Gemeng Mäertert d’Leit aus de Nopeschgemengen, sou wéi vum Inneministère emfaangen, fir den 2. Regionalforum vun der Gemengegesetzreform.

Op 8 Dëscher hu sech ronn 70 Participanten aus verschiddene Gemengen an Syndikater an 3 Ronne mat verschiddene Froe ronderëm d’Gemengen an hir Erausfuerderungen ausernee gesat. Op dësem Wee wëlle mir och alle Bedeelegte Merci soen, dass si eiser Invitatioun nokomm sinn an sech Zäit geholl hunn, fir bei dësem Forum matzemaachen.