Online Table Ronde
De 6. Juli huet de MINT am Kulturzentrum « opderschmelz » zu Diddeleng déi éischt Online Table Ronde fir de Gemengesecteur organiséiert. Hei goufen d’Resultater vum Participatiounsprozess « mateneen fir eng modern Gemeng » virgestallt a mat de Gemengen doriwwer diskutéiert, wéi si déi sanitär Kris ronderëm de Covid-19 bis elo gemeeschtert hunn a wat mir aus deenen Erfarunge fir d’Reform vum Gemengegesetz léiere kënnen.
D’Inneministesch Taina Bofferding huet zesumme mam President vum SYVICOL an 8 weidere Buergermeeschteren a Buergemeeschteschen op der Plaz diskutéiert, während eng weider 200 Persounen aus dem Gemengesecteur per Videokonferenz an Chat deelhuele konnten.
Fir d’Table Ronde opzemaachen huet d’Inneministesch op d’Ziler vun der Reform zeréck gekuckt, ass awer och op déi aktuell Krisesituatioun ronderëm de Covid-19 agaangen.
Am éischten thematesche Block gouf sech doriwwer ausgetosch, wéi gutt d’Gemengen op déi sanitär Kris virbereet waren a wéi si sech organiséiert hunn.
Den zweeten thematesche Block huet sech ronderëm d’Informatioun an d’Kommunikatioun an dëser Krisesituatioun gedréint.
Am drëtten thematesche Block gouf iwwert alternativ Aarbechtsmodeller, Digitaliséierung an Télétravail, déi duerch d’Kris staark promovéiert goufen, diskutéiert.
Fir ofzeschléisse goufen d’Resultater vun der éischter Phase vum Participatiounsprozess virgestallt an d’Ministesch huet en Ausbléck op de weidere Verlaf vum Prozess ginn.